
03.07.2026

Als Virbereedung op déi nei Saison huet den DT Biissen wéi schonns déi Joeren virdru séin internen Tournoi de "Challenge Weber Aloyse" ausgedroen. Hei gëtt no der Formel Doubel Ko Handicap gespillt. Dëst Joer konnt de Christian Schaus sech fir déi 1. Kéier als Gewënner androen an dat virum Luca Rotili . Op Platzen 3 a 4 koumen Tina Neuman an de Schaus Pol. Dëse Wanderpokal muss insgesamt 3 mol gewonne gi fir en definitiv ze behalen.



12. Juni 2026
De President Christian Schaus huet déi 55 present Memberen wéi och de Buergermeeschter David Viaggi an d'Memberen vum Gemengerot begréisst. De President seet der Gemeng Merci fir déi extraordinär an ordinär Subsiden déi si wärend der Saison ausbezuelt kruten. Uschléissend huet d'Sekretärin Tania Brucher den Aktivitéitsrapport presentéiert, deen wéi gewéinlech ganz detailléiert war. Am sportlechen Deel konnt Tania beriichten datt den DT Biissen an der Saison 2025/2026 mat insgesamt 5 Seniors Equippe um Championnat deelgeholl huet. Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass nach ëmmer als ganz gutt ze bezeechnen.

