Generalversammlung 2023


21 September 2023

15. September 2023
De President Christian Schaus huet déi vill present Memberen wéi och de Buergermeeschter David Viaggi an d'Memberen vum Gemengerot Carlo Mulbach, Jos Koecher a Kevin Englebert begréisst. 
De President  war frou déi 60 uwiesend Memberen a Frënn vum DT Biissen, an der Buvette vun der neier Sportshal fir Generalversammlung 2023 ze begréissen.
De President seet der Gemeng Merci fir déi extraordinär an ordinär Subsiden déi si wärend der Saison ausbezuelt kruten.
Uschléissend huet d'Sekretärin Tania Brucher den Aktivitéitsrapport presentéiert, deen wéi gewéinlech ganz detailléiert war. Am sportlechen Deel konnt Tania beriichten datt den DT Biissen an der Saison 2022/2023 mat insgesamt 6 Seniors- 1 Cadets Equippe an enger Minimes Equippe um Championnat deelgeholl huet. Sportlech setzt den DT Biissen nächst Joer mat 3 neien Trainer op eis Jugend , déi lo 3 Deeg an der Woch jeeweils 2 Stonnen Training hunn.  
Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass nach ëmmer als ganz gutt ze bezeechnen.
Déi 5 austriedend Memberen sinn unanime nees an de Comité gewielt ginn a sou sinn 11 Memberen am Comité vertrueden.
E läschte Merci goung un Gemeng, d'Sponsoren fir hir finanziell a materiell Ënnerstëtzung - ouni déi de Club net konnt schaffen - an un all Memberen. Duerno huet de President d'Sëtzung zougemaach an op séint traditionellt Klubiessen agelueden wat jo läscht Saison ausgefall war. Dem Armand Wantz och e grousse Merci fir déi flott Photoen. (weider Photoen op https://www.dtbissen.lu/gallery).