Challenge Weber Aloyse

Foto vun Wantz Armand



02 October 2023

Challenge Weber Aloyse
Als Virbereedung op déi nei Saison huet den DT Biissen wéi schonns dat Joer virdrun séin interne Tournoi de "Challenge Weber Aloyse" ausgedroen . Hei gëtt no der Formel Doubel Ko Handicap gespillt. Dëst Joer konnt de Gengler Yann sech als Gewënner androen an dat virum Helbecque Mathis deen mat enger super Leeschtung an Finale agezunn war. Op Platzen 3 a 4 koumen den Pierrot Heinen an de Sven hansen. Dësen Wanderpokal muss insgesamt 3 mol gewonnen ginn fir en definitiv ze behalen.