FLTT NEWS 27.03.2020
Communiqué 12.03.2020
Resultater Landesmeeschterschaften 16.02.2020
1/2 Finale Coupe Frantz Think 07.01.2020
Business Trophy
2019
23.10.2019
Ufängertraining
10.10.2019
Challenge Maas Henri
26.09.2019
53. Tournoi Grand Prix de la Vallée de
l'Attert
25.08.2019
Um éischten Tournoi vun der neier Saison, no genau enger Woch Training, hun eis Spiller beim Heemtournoi an der neier Sportshal zu Biissen 1. gutt Resultater erspillt. Den Tournoi war mat 317 Aschreiwungen ganz uerdentlech besat.
D'Lily Schaus huet op sengem 1. Tournoi déi gutt 3. Platz gemaach. Déi selwescht Platz huet de Chris Aubart an der Klass D2
beluescht.
D'Yana Schaus an de Sven Ley waren an der 1/2 Final vun der Kategorie C2.
De Christian Schaus gouf gudden 2. an der Haaptkategorie an och nach 3. an der Open Handicap.
D'Spiller vum DT Biissen hunn gewisen dass des Saison mat hinnen ze rechnen ass.
58. Generalversammlung vum DT Biissen 03/05/2019
De President Christian Schaus huet déi present Membere wéi och de Buergermeeschter Jos Schummer, d’Schäffen Carlo Mülbach a Fränk Clement souwéi Memberen vum Gemengerot begréisst. De Christian Schaus war frou iwwert d'Präsenz vun deenen villen Memberen, besonnesch frou waren déi Uwiesend iwwert d'Präsenz vum Marcel Raths (96 Joer), Grënnungsmember vum DT Biissen.
De Christian Schaus huet iwwer déi sportlech an aussersportlech Aktivitéiten vun der Saison 2018/19 bericht. De President seet der Gemeng och Merci iwwert dat reiwungslost plënneren an déi nei Sportshal mat eegener Trainingshal.
Fir d'Saison 2019/20 begréisst de Club 2 nei Memberen, de Sinner Pit an de Meyers Jason hunn de Club vum DT Schandel verlooss fir eng nei Erausfuerderung zu Biissen ze fannen.
Uschléissend huet d'Sekretärin Tania Brucher den Aktivitéitsrapport presentéiert, dee wéi gewéinlech ganz detailléiert war. Am sportlechen Deel konnt Tania berichten datt den DT Biissen an der vergaangener Saison mat insgesamt 8 Equipen an deenen verschiddenen Meeschterschaften deelgeholl huet. Dovunner sinn direkt 3 Equipe gestiegen an zwar Biissen 2 an 1. Divisioun, Biissen 4 an 3. Divisioun an Biissen 5 an 4. Divisioun. Bravo
Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass nach ëmmer als gutt ze bezeechnen.
Eng speziell Auszeechnung gouf et dann fir den Hames Eugène, deen de Comité no 22 Joer verléisst. De President Christian Schaus huet déi exzellent Aarbecht vum Eugène gelueft an dem Eugène e klenge Kaddo iwwerreecht. Merci Eugène
E lëschte Merci goung un Gemeng , d'Sponsoren fir hir finanziell a materiell Ënnerstëtzung - ouni déi de Club net konnt schaffen - an un all Memberen. Duerno huet de President Christian Schaus d'Sëtzung zougemaach an traditionell op Veräinsiessen invitéiert.