Challenge Weber Aloyse


24 September 2022

Als Virbereedung op déi nei Saison huet den DT Biissen wéi schonns déi Joren virdrun séin interne Tournoi de "Challenge Weber Aloyse" ausgedroen . Hei gëtt no der Formel Doubel Ko Handicap gespillt. Dëst Joer konnt de Weber Luss sech als Gewënner androen an dat virum Gengler Yann deen mat enger super Leeschtung an Finale agezunn war. Op Platzen 3 a 4 koumen de Luca Rotili an de Paul Maas. Dësen Wanderpokal muss insgesamt 3 mol gewonnen ginn fir en definitiv ze behalen