Generalversammlung 2022 beim DT Biissen

Foto vun Wantz Armand



20 July 2022

Net de President Christian Schaus mee de Vize-President Paul Maas huet déi present Memberen wéi och de Buergermeeschter David Viaggi an d'Memberen vum Gemengerot Joelle Kraus a Carlo Mulbach begréisst. De Presi war duerch Corona erkrankt an huet seng 25.
Generalversammlung missten vun Doheem an der Isolatioun materliewen. De Paul Maas war frou déi 50 uwiesend Memberen, an der Buvette vun der neier Sportshal fir Generalversammlung 2022 ze begréissen.
De Paul Mass huet dunn mat Bravour Versammlung geleet an huet och direkt iwwert déi schwiereg sportlech Saison 2021/22 bericht. Eis Equippen konnten ni an Beschtbesetzung untrieden an dat jo aus deenen bekannten Ursaachen. Hien seet der Gemeng Merci fir déi extraordinär Subsiden déi wärend dëser schwiereger Zéit verdeelt goufen.
Uschléissend huet d'Sekretärin Tania Brucher den Aktivitéitsrapport presentéiert, deen wéi gewéinlech ganz detailléiert war. Am sportlechen Deel konnt Tania beriichten datt den DT Biissen an der Saison 2021/2022 mat insgesamt 6 Seniors- 2 Cadets Equippe an enger Minimes Equippe um Championnat deelgeholl huet. Sportlech setzt den DT Biissen nächst Joer mat 3 neien Trainer op eis Jugend , déi lo 3 Deeg an der Woch jeeweils 2 Stonnen Training hunn. De gebiertege Schwed, Mats Sandell, deen dëst Joer Champion mat der Equippe ginn ass, wäert ab September den Training Mëttwochs leeden. Hien war deen 2 bäschte Spiller des Saison hei am Land. Dënschdes an Donneschdes wäert den 22-Järegen gebiertegen Tréierer , Leon Seiler, spillt séit 2 Joer beim DT Meechtem an steet an der aktueller Lëtzebuerger Verbandsranglëscht op der Platz 53 an ass A2 klasséiert, den Trainig haalen. Am Championnat spillt hien mat senger Equipe an der National 2 an hei huet hien eng Bilanz vun 13 zu 5 opzeweisen.
Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass nach ëmmer als ganz gutt ze bezeechnen.
Déi 5 austriedend Memberen sinn unanime nees an de Comité gewielt ginn a sou sinn 11 Memberen am Comité vertrueden.
E läschte Merci goung un Gemeng , d'Sponsoren fir hir finanziell a materiell Ënnerstëtzung - ouni déi de Club net konnt schaffen - an un all Memberen. Duerno huet de Vize-President Paul Maas d'Sëtzung zougemaach an op séint traditionellt Klubiessen agelueden wat jo läscht Saison ausgefall war. Dem Armand Wantz och e grousse Merci fir déi flott Photoen. (weider Photoen op https://www.dtbissen.lu/gallery)