Jugendspiller am Asatz


03 November 2021

Gutt Resultater vun eise Jugendspiller de Weekend um Jugendturnéier an der Fiels an zu Grevenmacher. Den Hansen Yanis huet an der Equipe D3 déi 2. Platz beluecht. De Mathis Helbecque an den Christian Seburger hunn an der Equipe D2 gewonnen an do huet de Mathis och den Eenzel gewonnen. An der Kategorie Junior C3 huet de Yann Gengler zesummen mam Hansen Sven déi 2. Platz beluecht. Um Tournoi zu Grevenmacher huet de Mathis Helbecque déi 2. Platz an der Kategorie D2 beluecht an eng 3. Platz an der Kategorie D1 erspillt. Bravo