Resultater Landesmeeschterschaften 2020

Den DT Biissen huet rem een Landesmeeschter!!!!!
Den Sven Correia  gewënnt d'Final  an der Katégorie Hären C ganz kloer mat 3-0 géint de Breser Claude vu Fluessweiler. Hei waren 129 Participants um Start. Am Dubbel zesummen mam Sven Ley sinn si Vize-Landesmeeschter ginn.
Bravo Jongen
 
 
 
16.02.2020

Generalversammlung 2020 an 2021

De President Christian Schaus huet déi present Membere wéi och de Buergermeeschter David Viaggi, d’Schäffin Cindy Barros, souwéi d'Memberen vum Gemengerot begréisst. De Christian Schaus war frou déi 50 Memberen, no der ausgefalener Editioun 2020, nees an der Sportshal fir Generalversammlung 2020 an 2021 ze begréissen.

D'Versammlung huet och gläich mat enger Gedenkminutt, fir deen am vergaangene Joer  verstuerwenen Grënnungsmember  Marcel Raths, ugefaangen.

De President huet iwwert déi schwiereg sportlech an aussersportlech Aktivitéiten vun den Saisonen 2019 bis 2021 bericht. Hien seet der Gemeng Merci fir déi extraordinär Subsiden déi wärend dëser schwiereger Zéit verdeelt goufen.

Uschléissend huet d'Sekretärin Tania Brucher den Aktivitéitsrapport presentéiert, dee wéi gewéinlech ganz detailléiert war. Am sportlechen Deel konnt Tania berichten datt den DT Biissen an der Saison 2019/2020 mat insgesamt 8 Seniors- an 1 Cadets Equipe deelgeholl huet. Saison 2020/2021 si mer mat 7 Seniors- an 1 Cadets Equipe ugetrueden.

Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass nach ëmmer als gutt ze bezeechnen.

Eng speziell Auszeechnung gouf et dann och fir 2 Memberen déi am Laaf vun der Saison de Seuil vun 750 Matcher am Trikot vum DT Biissen depasséiert hunn. Merci Weber Lucien an Heinen Pierrot.

E lëschte Merci goung un Gemeng , d'Sponsoren fir hir finanziell a materiell Ënnerstëtzung - ouni déi de Club net konnt schaffen - an un all Memberen. Duerno huet de President Christian Schaus d'Sëtzung zougemaach an op e klenge Patt mat e puer Sandwichen invitéiert. Duerch déi aktuell Situatioun huet de Veräin och op séin traditionellt Klubiessen verzicht.

15.10.2021

Challenge Maas Henri

Als Virbereedung op déi d'Saison 21/22 huet den DT Biissen wéi schonns déi Joren virdrun séin interne Tournoi de "Challenge Maas Henri" ausgedroen . Hei gëtt no der Formel Doubel Ko Handicap gespillt. Dëst Joer konnt de Luca Rotili sech als Gewënner androen an dat virum Weber Luss. Op Platzen 3 a 4 koumen d'Yana Schaus an de Patrick Christen. Dësen Wanderpokal ass lo definitiv un de Luca Rotili gaangen an dëst well hien de Challenge no 2013 an 2014 lo schonns fir 3. gewonnen huet. Bravo Luca

Tournoi Grand Prix de la Vallée de l'Attert den 14.11.2021 zu Biissen

Den 14. November 2021 organiséiert den DT Biissen séin 2. Nationalen Tournoi fir dës Saison. Mat 208 Aschreiwungen war den 1. Tournoi vum 29. August 2021 gutt besat. An der neier Sportshal konnt den Tournoi op 18 Dëscher gespillt ginn. An eiser neier Trainingshal stinn och nach 8 Dëscher prett fir sech warem ze spillen.